Fernand Kartheiser Header Image

NEGATIV HUMANITÄR ASPEKTER VU SANKTIOUNEN

De 27. Januar 2026 wor ech bei enger Konferenz iwwer unilateral Zwangsmoossnamen an den internationale Bezéiungen.

D’Madame Professer Alena Douhan, Spezialrapportrice vun der UNO, huet en ausgezeechente Virtrag iwwer déi meeschtens katastrophal humanitär Konsequenze vun unilaterale Sanktioune gehalen, also Zwangsmoossnamen déi net vum UNO-Sécherheetsrot erlaabt goufen. Och déi Europäesch Unioun mécht ganz vill där Sanktiounen a behaapt, datt hir Sanktioune keng esou Konsequenzen hätten. Dat ass an der Praxis natierlech falsch. Och d’EU verursaacht ganz vill Misär a ville Länner an der Welt. Fir humanitär Hëllef kënnen ze leeschten, brauchen interesséiert Organisatioune Lizenzen déi deier sinn a nëmme mat komplizéierte bürokratesche Prozeduren ze kréie sinn.

A mengem Virtrag sinn ech op de Wäert vum internationale Recht agaangen, op den onmoraleschen Asaz vu Sanktioune fir Regierungswiesselen ze provozéieren an op d’Konsequenze vun EU-Sanktiounen op d’Mënscherechter eich bannent der Europäescher Unioun.

articles connexes