Am Oktober 2024 hat ech éischt Initiative fir d’Opwäertung vun der Lëtzebuerger Sprooch am Europäesche Parlament geholl. Ech hat probéiert fir Lëtzebuergesch an der Plenière ze schwätzen, mee gouf direkt ënnerbrach. Dono hat ech Ännerungen an eisem Reglement virgeschloen. Déi Propositioune goufe vum juristeschen Déngscht éischter positiv bewäert.
Allerdéngs hat sech de President vun där sougenannter « konstitutioneller Kommissioun » (AFCO), en däitschen Deputéierten, opposéiert. Am September 2025 hunn ech e Bréif un de Lëtzebuerger Staatsminister geschéckt fir hien ze froen, d’Conclusioune vum Conseil vun 2005 ze applizéieren. Si hätten et erlaabt Lëtzebuergesch an der EU opzewäerten.
Den Här Frieden huet awer näischt gemaach. Haut hunn ech e Bréif un d’Presidentin vum Parlament geschriwwe mat nei iwwerschaffte Propositioune. Ech hoffen, datt et dann déi Kéier e Stéck viru geet.